Mat eise versécherungsléisungen, déi speziell entwéckelt goufen, fir lech déi néideg Virsuerg an Deckung ze bidden, kënnt Dir lech sécher fillen, datt Dir déi Ënnerstëtzung kritt, déi Dir verdéngt
Setzt Äer Gesondheed op déi éischt Plaz. Mat eise Gesondheetsversécherungsléisungen, déi speziell entwéckelt goufen, fie iech déi néideg Virsuerg an Deckung ze bidden, seu kennt Dir lech sécher fillen, datt Dir déi Ënnerstëtzung kritt, déi Dir och verdéngt
Séchert Äre nei oder gebrauchten Auto perfekt duerch den alldeegleche Gebrauch mat eise modulabelen Versécherungsformelen fir jiddereen
Séchert Ären perséinlechen Patrimoine. Dir sidd Proprietaire oder Locataire dann profitéiert vun eisen gudden Conditiounen a schützt Ären Patrimoine virun onerwaarten Ereignisser wéi Feier-, Vol- oder Waasserschued an nach vill méi
Séchert är Zukunft mat eise speziell ausgewielten Zousatzpensiounsméiglechkeeten, déi dann zousätzlech ënner dem Artikel 111 bis LIR bis zu 3200 Euro ofsetze kënnen
Keng Angscht méi virun Existenzverloscht fir Iech an är ganz Famill duerch eisen finanziellen Schutz beim ufaalen vun onerwaarten Ereignisser
Mir entwéckelen eenzegaarteg Versécherungspläng, déi sech un Är spezifesch Bedierfnisser upassen an déi eng Deckung ubidden, déi genau op Är perséinlech Liewenssituatioun ofgestëmmt ass
Verschidde Versécherungsprodukter si steierlech ofsetzbar, losd eis zesummendinn fie ze kucken wat bei Iech nach méiglech ass
Profitéiert vun den exklusiven Versécherungsléisungen duerch eng jonk, dynamesch Equipe, déi perseinlech an flexibel op är Ufroen entfert well Dier eis wichteg sidd
Grënner vu Molitor Assurances S.à r.l
Ech heeschen lech häerzlech wëllkomm op der Säit vu Molitor Assurance. Erlaabt mer mech e bëssen virzestellen; ech sinn de Fondateur vun Molitor Assurances, déi am November 2022 gegrënnt ginn ass.
Vun 2013 bis 2015 hunn ech meng éischt Erfarungen am Versécherungsbereich gesammelt. 2016 huet e neie Kapitel ugefaangen, wéi ech an den Eenzelhandel iwwergaangen sinn, wou ech als keyaccountmanager mech em Clienten bekëmmert hunn déi reegelméisseg akaf komm sinn.
Zu dëser Zäit wa ech am gaang mäin handelsfachwirt ze maan des weider Bildung sou wei meng Funktioun an da Firma hunn mea et erméiglechd vill erfahrung am Beräich unternehmenssteierung uneegnen An iwwert den Tellerrand ze kucken am Bezuch op Prozesser an Zesummenhäng dovunner. Mie ass de Kontakt zum Client immens wichteg dofir huet et mech am Joer 2021 zeréck an versècherungs verschloen Am selwechten Joer krut ech mäin Agrement zu Lëtzebuerg fir Berodungen vun sachverscherungen an liewensversécherungen duerchzefeieren. Am Joer 2022 hunn ech vill erfahrung am bereich experts gesammelt an hinnen fiedeeler am bezuch op international Krankeversécherung mei no bruet. Wei am Ufank betount huet sech mea dunn eng nei meiglechkeed aginn an deems eng Partnerschaft zeschend da lalux dkv an mir enstaanen as, säit deem sinn ech als selbststännegen genat ënnerwee. Mein Fokus leit virun allem am Beräich vun da Krankeversécherung mee och fir all aner versecherung stellen ech iech gearen mäi rot zur Verfügung eare Cedric MOLITOR
D’Käschte fir eng Gesondheetsversécherung ginn virun allem duerch d’Alter an de Gesondheetszoustand vum Versécherten bestëmmt. Nodeem en detailléierten medezinesche Froebou ausgefëllt gouf, kënnen véier verschidde Resultater entstoen. Déi, déi eng exzellent Gesondheet genéissen, mussen sech keng Suergen iwwer Präissteigerungen maachen. Allerdéngs kënnen d’Primen ënner Ëmstänn erhéicht ginn, gewësse Konditioune kënnen vun der Deckung ausgeschloss ginn, oder et ka souguer zu enger Ofleenung vun der Versécherung op Grondlag vun der Evaluatioun kommen.
Accidenter an onerwaart Krankheete maache keng Ausnam – se kënne jiddereen zu all Moment treffen. Eng Gesondheetsversécherung bitt net nëmme finanzielle Schutz, mee och Zougang zu wesentleche besserer medezinescher Behandlung, op déi Dir zougräife kënnt wann neidesch.
Et gi vill verschidde Gesondheetsversécherungsoptiou
Gesondheetsversécherungen decke véier Haaptberäicher of: Spidolsopenthalter, ambulante Behandlungen, Sehhëllef, souwéi kleng a grouss Zännbehandlungen. Doriwwer eraus bidde vill Versécherungspläng zousätzlech Leeschtungen, wéi zum Beispill Schutz op Reesen an aner Länner oder d’Méiglechkeet, eng zweet Meenung bei schwéiere Krankheete wéi Kriibs oder Häerzleiden anzehuelen.
Jo, et besteet d’Méiglechkeet, Äre Gesondheetsversécherungsplang unzepassen, woubäi tëscht Upgrades an Downgrades ënnerscheet gëtt. Downgrades, also de Wiessel op e méi einfache Plang mat manner gudde Leeschtungen, sinn all Joer ab dem 1. Januar méiglech. Verbesserungen am Versécherungsschutz kënne jidderzäit duerchgefouert ginn, et erfuerdert awer d’Ausfëlle vun engem neie medezinesche Froebou. Dëse Schrëtt ka potenziell zu Upassunge bei de Prämien, neien Ausschlëss oder souguer zu enger Ofleenung opgrond vun der neier Gesondheetsbewäertung féieren.
Eis Versécherungen enthalen zwou ënnerschiddlech Zorte vu Waardezäiten. Eng Standardwaardezäit vun dräi Méint gëllt fir de ganze Vertrag. Eng verlängert Waardezäit vun aacht Méint ass virgesi fir Behandlungen, déi mat Schwangerschaft, psychiatresche souwéi kleng a grouss Zännbehandlungen zesummenhänken. Wichteg ze bemierken ass, dass des déi eenzeg Ausnamen zu Waardezäite sinn.
Eis ergänzend Versécherungspläng setzen eng Beschäftegung zu Lëtzebuerg viraus, onofhängeg dovun, ob de Residenzland duerno Frankräich, Däitschland oder Belsch ass. Zousätzlech kënne Familljememberen, déi di selwecht Adress wéi de Versécherungsnehmer deelen, an de Kontrakt opgeholl ginn, och wann si net zu Lëtzebuerg schaffen. Wichteg ass, datt normalerweis just déi Persounen an de Kontrakt kënne mat opgeholl ginn, déi och an der CNS sinn. Eng Ausnam gëtt gemaach, wann de Versécherungsnehmer, deen an der CNS ageschriwwen ass, dës Persounen a sengem Kontrakt integréiere wëll.
Mutuellen, wei d’CMCM (Caisse Médico-Complémentaire Mutualiste), sinn Organisatiounen à but non lucratif, déi complementaire Leeschtungen zu deene vun der CNS ubidden, wéi z.B. soins dentaires, Optik a bestëmmt alternativ Traitementer.
Mutuelle si net dorop ausgericht, Profitter fir hir Memberen ze erwirtschaften. Si hunn dowéinst manner finanziell Mëttel wéi eng Assurance. Si mussen dofir Cotisatioune vun hire Memberen asammelen, fir hire Betrib an hir Servicer ze finanzéieren. Wa si Schwieregkeeten hunn, genuch Recetten ze kreien, kann dat hir Faegkeet aschränken, Leeschtungen emzeverdeelen oder bestëmmt Zousazleeschtungen unzebidden.
Genau wei d’ Mutuelle bidden Assurancen ewéi DKV compelentaire Leschtungen un dei awer op hir eegener veantwortung stin. Si stinn allerdéngs ennert der Opsiicht vum Commissariat aux Assurances an ennerleie strenge Virschrëften, all des Facteuren si Garantie fir de Schutz vun de Clienten.
Mat hiren Zousazleeschtungen am Beräich Santé bidden d’Assurancen eng villfälteg Offer u Krankeversécherungen, esou dass all Eenzelen déi Optioune wiele kann, déi senge spezifesche Besoinen am beschten entspriechen. Des Versécherungspolicen hunn oft eng méi breet Couverture an eng mei heich Entschiedegungsuewergrenz, esou dass eng ausgibeg Protektioun fir heefeg oder deier Traitementer gebuede gi kann, och wann d’CNS net intervenéiert.
© All Rechter reservéiert – Molitor Assurances S.à r.l | Websäit Entwécklung – spesya